Victor Ivanovich Soultanbeieff

Hien gouf 1895 a Russland gebueren, wou en bis baal 1920 gelieft huet. En haat et net liicht, well en ass net onverschount bliwen vu Krich an Revolutioun aus deër Zäit. Nodem en an Bulgarien vum Typhus soignéiert gin ass, huet en sech 1 Joer laang an der Turkei matt der Arméi vum Generool Wrangel obgehaalen. 1922 huet en sech zou Lëck niddergelooss, an der gréisster Aarmut, ouni Geld, ouni Aarbecht, ouni Sproochenkenntnis an ouni ze wëssen wou seng Famill drun ass. Me en huet all Schwierechketen iwerwonnen, en haat d'Méijlechket Chimie ze studéieren. Duerno huet seng Situatioun sech verbessert, an en kruut eng Plaatz an enger Lëcker Schmelz.

Direkt 1922, wéi en ob Lëck koum, huet e sech an den Schachclub Cercle de Liège ageschriwen. Vun 1922 bis 1969 huet en all Clubmeeschterschaft gewonnen, wou en mattgespillt huet (ca. 25). Et war en ausgezeechenten Schachspiller. En huet 9 Mol daat belscht Championnat mattgespill, an dovun ass en 3 Mol belschen Landesmeeschter gin. Leider konnt en, aus beruflechen Grënn, nëmmen ca. eng Dozen international Turnéieren spillen. Vun 1947 bis 1949  huet en eng wöchentlech Schachzeitung ("Echec et Mat") erausgin, an en huet och 3 Bicher geschriwen iwer Schach.

En ass den 8. Februar 1972, am Alter vun 76 Joer, no enger chirurgescher Operatioun gestuerwen. Insgesamt kann en soen, dass en wéinst senger Offenheet a senger Einfachheet iwerall geschätzt war. En huet dem belschen Schach onzählech Dëngschter geleescht.

Soultanbeieff wurde 1895 in Russland geboren. 1920 verlies er sein Land und ging zunächst nach Bulgarien und in die Türkei.1922 kam er in größter Armut nach Belgien und lies sich dort in Lüttich nieder. Soultanbeieff studierte Chemie und schloss sich dem Lütticher Schachverein (Cercle de Liège) an. Von 1922 bis 1969 nahm er 25 mal an der Vereinsmeisterschaft teil und gewann 25 mal. Er spielte 9 mal die Belgische Meisterschaft und er wurde dreimal Belgischer Meister. Aus beruflichen Gründen hat er nur wenige Turniere im Ausland gespielt. Soultanbeieff starb 1972 an den Folgen einer Operation.